Kopphaff
Élevage & vente directe /Zucht & Direktvermarktung
Fam. Majerus Wickrange
Fleesch vun eisen Schwäin an Kéi :) entweder an Form vun eisen Fleeschkëschten op commande oder direkt an eisem Automat esou wei et grad disponibel ass
27/09/2026
Et ass erëm frëscht Fleesch🥓 vum Bunte Bentheimer Fräilandschwäin a vum Limousin 🥩 an eisem Regiomat ze fannen. Sou wei Nuddelen, Eeër, Gebeess a Kéis 😊
23/09/2026
‼E Samschden (26. September) si mir erëm fir Iech do‼ Mat leckerem Fleesch vum Limousin 🥩 a vum Bunte Bentheimer Fräilandschwäin 🍖 am Detail 😋 och déi beléifte Rieslingspaschtéiten an Zesummenaarbecht mat der Bäckerei Remy&Noémie sinn erëm ze kréie 😁 Produite vum Haff Müller-Lemmer🍎🥔, Berdorfer Kéis🧀, Nuddele vun Dudel-Magie, Brout 🍞 & Mëtsche 🥐 vun der Bäckerei Remy & Noémie ... kommt laanscht vun 09.15-11.30h 😃 mir freeën eis iwwert Ären Akaf bei eis direkt um Haff. 🍀
10/09/2026
Dir wëllt och esou ee leckere Ragoût vum Bunte Bentheimer Fräilandschwäin genéissen?😋 Dann bestellt elo nach Är Fleeschbox bei eis, wou Dir ee Rezept fir dëse leckere Plat 🍽 mat dobäi kritt. Mat deem zaarte Fleesch vun eise Schwäin an ouni grouss Hexerei, einfach ee Genoss! 👩🏼🍳👨🍳🤤
Méi Infos op www.kopphaff.eu
08/09/2026
🍀
01/09/2026
No eiser Summerpaus ☀️ sinn mir erëm do an Dir kënnt folgend Fleeschboxen bestellen 🙂
25./26. September Fleeschboxen vum Bunte Bentheimer Schwäin & Limousins Rand:
– eis Fleeschboxen vum Bunte Bentheimer Schwäin 🥓
– eis Fleeschboxen vum Limousins Rand 🥩
– eis Fleeschboxen vum Rand & Schwäi gemëscht 🌭🍔
Den Detail sou wei d'Präisser fannt Dir hei https://kopphaff.eu/unsere-produkte/
Bestellungen ginn bis den 17.09.2026 Owes per Mail 📧 ugeholl.😊
Ofhuele kënnt Dir Är Commande Freides ëmmer vu 16.00-17.30h oder Samschdes vun 09.15-11.30h. 😃
07/07/2026
‼Virun eiser Summerpaus ☀️ bis September hu mir e Samsden nach emol eis Diere fir Iech op‼ Vun 09.15-11.30h fannt Dir leckert Fleesch 🥓 fir op de Grill vun eise Fräilandschwäin 🐷, sou wei natierlech och aner Fleeschstécker 🍔 vun eise Schwäin a Kéi, wou mir op Stock hunn. Wann Dir also de Summer iwwer net op déi lecker a seefteg Schwéngskotletten 🥩 , déi gutt Grillwurschten🌭... direkt vun eisem Haff, verzichte wëllt gräift dëse Samschden nach emol zou. 😃 Mir freeën eis iwwert Ären Akaf mat dem Dir eis direkt ënnerstëtzt!🍀
26/06/2026
‼😃Fir de Juli kënnt Dir Fleesch vun eise 𝘽𝙪𝙣𝙩𝙚 𝘽𝙚𝙣𝙩𝙝𝙚𝙞𝙢𝙚𝙧 𝙎𝙘𝙝𝙬𝙖𝙞 🥩 sou wei 𝙇𝙖𝙢𝙢 - & 𝙁𝙞𝙚𝙧𝙠𝙚𝙡𝙛𝙡𝙚𝙚𝙨𝙘𝙝 🍖 bestellen! Mir hunn elo och extra BBQ-Boxen vum Schwäin! 🔥Mei Informatioune ℹ fannt Dir op eiser Homepage https://kopphaff.eu/aktuelles/ 😃‼
Kuckt dësen flotten Video vum Landwirtschaftsministär iwwert eisen Betrieb 😃
09/06/2026
‼Dëse Samschde kënnt Dir erëm vun 09.15-11.30h bei eis kommen‼ Dir fannt frëscht Fleesch vum Bunte Bentheimer Fräilandschwäin 🥓 an och Fleesch vum Limousin hunn mir nach op Stock ❄️😋 frëscht Brout 🍞 a Mëtschen vun der Bäckerei Remy&Noémie, Äerdbier 🍓 vum Haff Müller-Lemmer, natierlech hu mir och all déi aner regional Produiten, wei Kéis🧀, Jugurten, Nuddelen, Hunneg🍯...
01/06/2026
Dank "fleißigem Helferlein" konnten Haut déi eischt Schwäin eraus 😊🍀🐽🐷
Cliquez ici pour obtenir votre annonce sponsorisée.
Catégorie
Contacter l'entreprise
Téléphone
Site Web
Adresse
3a, Rue Des Trois Cantons
Wickrange
3980
Notifications
Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Kopphaff publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.