Gemeng Dippech
D'offiziell Facebooksäit vun der Gemeng Dippech.
______
La page officielle de la commune de Dippach.
20/08/2026
🇱🇺 Ab e Méindeg, dem 24. August, ass d'rue de l'église bis viraussiichtlech August 2027 fir de Verkéier gespaart; ausser fir d’Awunner aus der Strooss an d'Besicher vun der Gemeng.
Déi éischt Phase vun den Aarbechte fänkt bei der Kräizung mat der "route de Longwy" un.
Den Accès zur Gemeng wäert an dëser Zäit iwwert d’rue de Dahlem an d’rue Centrale méiglech sinn.
Et kënnt och zu Changementer am RGTR: https://www.dippach.lu/dreprise-vun-den-aarbechten-nom-conge-collectif/ 🚌
20/08/2026
🇱🇺 Am Kader vun der Schueberfouer (21. August - 9. September) invitéiere mir Iech vun der kompletter Offer vum ëffentlechen Transport ze profitéieren, déi Iech sécher op d'Schueberfouer an nees zréck bréngt.
Déi komplett an detailléiert Fuerpläng fannt dir op https://www.mobiliteit.lu
19/08/2026
🇱🇺 Aktioun „Gielt Band“ - Zerwéiert Iech!
D’Uebst schmaacht am Beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem eegene Bongert. All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen etc. op an ënnert de Beem an de Wisen a laanscht d’Landstroossen.
Mat der Aktioun „Gielt Band“ ruffen de Ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture, de Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises an d’Gemeng Dippech d’Biergerinnen an d’Bierger dozou op, sech op eng flott a nohalteg Manéier géint d’Liewensmëttelverschwendung ze engagéieren.
D’Gemeng markéiert déi entspriechend Uebstbeem mat engem giele Band. Jiddereen dee well däerf da gratis, fir den eegene Gebrauch, Uebst vun deene Beem plécken an dat wat ënnendrënner leit rafen. Déi betreffend Beem stinn am Park hannert der Gemeng zu Schuller an hannert dem Kierfecht zu Schuller.
10/08/2026
🇱🇺 🗣️ Är Meenung zielt!
D'Gemeng huet de Gemengepakt fir dat interkulturellt Zesummeliewen ënnerschriwwen a start eng Ëmfro, jiddereen deen hei an eiser Gemeng wunnt oder schafft kann hei matmaachen.
👉 Maacht mat a sot eis Är Meenung: https://etat.emfro.lu/s3/dippach
🇫🇷 🗣️ Votre opinion compte !
La commune a signé le Pacte communal du Vivre-Ensemble interculturel et lance une démarche participative ouverte à toutes les personnes qui vivent ou travaillent dans notre commune.
04/08/2026
D'Naturcrèche sicht Verstäerkung!
weider Informatiounen iwwert d'Crèche fann dir ob eisem Internetsite :
https://www.dippach.lu/naturcreche-dippach/
🔴 D'Naturcrèche zu Dippech sicht Verstäerkung! 🔴
💼 Mir sichen dräi nei Mataarbechter(innen), fir eist pedagogescht Team ze verstäerken:
✅ 2 Educateuren diplômés (m/w) am CDI (30 respektiv 35 Stonnen/Woch)
✅ 1 Auxiliaire de vie / DAP Inclusion (m/w) am CDD (bis 05/2027)
🗣️ Du schwätz fléissend Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch?
💪Du bass motivéiert, dynamesch, hues déi néideg Qualifikatiounen a Loscht op eng nei Erausfuerderung?
🙌 Da bass du bei eis genee richteg!
📲 Mell dech ganz einfach iwwert eis Internetsäit un: Unsere Stellenangebote | Croix-Rouge luxembourgeoise
Mir zielen op DECH! ❤️
́
03/08/2026
De Summer ass eng flott Zäit, fir eis Bëscher an eis Natur ze genéissen. ☀️🌳
Gläichzäiteg gesäit een op ville Plazen, wéi d'Dréchent an déi héich Temperaturen eis Bëscher zousetzen.
Dat erhéicht och de Risiko vu Bëschbränn an aner Gefore fir Natur a Mënsch. 🌳
Mat engem verantwortungsvolle Verhale kann all Mënsch dozou bäidroen, eis Natur ze schützen.
▶️Dobäi kann ee scho mat e puer einfache Rotschléi Risike reduzéieren.
28/07/2026
Sicona Kids 🔍🧒
Natur erliewen a menger Gemeng.
D’Naturentdecker vum SICONA - Naturschutzsyndikat ënnerwee mam vum Natacha fir de Cycle 2-4. 🐞🐌🐝
27/07/2026
D’Gemeng informéiert, datt am Park déi nei Honds Spillwiss ab haut op ass. 🐕🦺🐕🦺
Dës soll et erlaben, datt Hënn sech fräi a sécher kënne beweegen, a gläichzäiteg zu engem bessere Mateneen tëscht Hondsbesëtzer an anere Benotzer vum ëffentleche Raum bäidroen.
D’Gemeng appelléiert un all Benotzer, d’Reegelen an d’Hygiène-Virschrëften anzehalen. 🐾🐾
27/07/2026
🌏🌏Eist multikulturellt Fest hellt Iech mat op eng faszinéierend Rees duerch d’Kontinenter. Entdeckt d’Kulturen aus aller Welt, léiert spannend Traditioune kennen a genéisst déi authentesch Spezialitéite vun eise Participanten.
Fir eng onvergiesslech Ambiance suerge musikalesch Bäiträg an Optrëtter vu verschiddenen Danzgruppen, déi d’Diversitéit vun de Kulturen op eng lieweg Aart a Weis presentéieren.🇨🇮 🇭🇷 🇮🇳 🇱🇺 🇸🇳
Dëst Joer begréisse mir Iech beim Kulturhaus Pontebier, wou e flotten Nomëtteg voller Begeeschterung, kulinareschen Entdeckungen a kulturellen Erliefnisser op Iech waart. 💃🕺
Multiculti 2026
Musek Gemeng Dippech
Rancho Folclórico As Tricanas de Differdange-Luxemburgo
Garnich Folk Club
LUNGO & MIL
24/07/2026
VËLOSUMMER 2026 🚴🏻
🇱🇺 Déi verschidde Vëlostier bidden eng besonnesch Geleeënheet, déi villfälteg Landschaften a Regioune vu Lëtzebuerg ze entdecken.
"Mam Vëlo iwwer Kopp an Dall" ass den Tour den duerch eis Gemeng fiert. 🚴🏻
https://g-o.lu/3/CK9m8
📌 Weider Infoen: https://www.visitluxembourg.com/de/velosummer
Lëtzebuerg Vakanz
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Type
Téléphone
Site Web
Adresse
11, Rue De L'Eglise
Schouweiler
L-4994