Mersch75

Mersch75

Partager

Mersch75, Handball Club
M75
HB Mersch 75
HBM75
Trainingszäiten: https://www.mersch75.lu/blank
MIXVOIP Peters Sports Alles iwert den Mersch75 (Handball Club)

05/10/2026

Coupe Hären: Mersch75 – HC Atert Redange (33:16)

Eis Hären hu vum Ufank u géint Réiden dominéiert.
Schonn an der Hallschent war beim Stand vun 18:10 e komfortabele Virsprong erausgespillt.
Och an der zweeter Halbzäit huet d'Ekipp näischt ubrenne gelooss a just nach 6 Goler zougelooss, dovunner der 3 an deene leschten 20 Minutten.
Sie hunn de Virsprong kontinuéierlech ausgebaut, dëst ënnert anerem mat engem 6:0 tëscht 44:53 an 52:07, an doduerch e kloeren 33:16-Erfolleg séchergestallt.
Topscorer war de Mathis Dernede mat 11 Goler, dovunner ee proppere 4/4 vum 7 Meter.
Jiddereen ass zum Asaz komm an de Maxime konnt seng éischt 2 Goler fir d'Ekipp markéieren. Leider war dëst dem Kevin (nach) net vergonnt.

https://spo.handball4all.de/misc/sboPublicReports.php?sGID=3520276

Weider geet et den 11/10 um 18h15 doheem géint den HB Museldall.

Dee komplette Spillplang fannt dir hei:
https://mersch75.lu/live-center.html

05/10/2026

Coupe Dammen: Mersch75 – Handball Esch (24:20)

De Coupematch an der Wisestrooss huet ausgeglach ugefaangen. Bei 15:29 sinn eis Damme fir d'éischt mat 4:5 a Réckstand geroden. Mat 9:11 ass et an d'Paus gaangen.
Nom Wiessel huet d'Ekipp sech däitlech gesteiert. An enger intensiver Ophueljuegt huet Miersch bei 45:17 op 17:17 ausgeglach an d'Partie an der Schlussphase konsequent zu hire Gonschte gedréint.
15 Goler an der 2. Hallschent waren entscheedend esou dass um Enn eng verdéngte 24:20 Heemvictoire stoung.
D'Anne (8 Goler) an Martina (7 Goler) waren déi treffsécherst Spillerinne bei eis mee och d'Marthe huet mat enger gudder Leeschtung am Gol zum Succès bäigedroen.
Déi geschossen Ekippeleeschtung war awer spillentscheedend, elo waard d'1/4-Finall op sie.

https://spo.handball4all.de/misc/sboPublicReports.php?sGID=3519406

Weider geet et den 10/10 um 18h00 zu Schëffleng.

Dee komplette Spillplang fannt dir hei:
https://mersch75.lu/live-center.html

05/10/2026

Coupe U15 : Red Boys Differdange – Mersch75 (38:34)

Eis U15 ass beim Auswärtsmatch géint d'Red Boys Déifferdeng ouni ‚Auswiesselbänk‘ ugetrueden, wouduerch d'Spiller keng Roupausen anleeë konnten.
Trotz dëser extrem kierperlecher Belaaschtung huet d'Ekipp iwwer déi ganz Spilldauer géint e gutt opgestallte Géigner bravouréis gekämpft an d'Match laang oppe gehalen.

▶️ 5:8 bei 09:40

▶️ 10:10 bei 15:37

▶️ 19:16 bei 25:44

▶️ 22:20 bei 31:33

▶️ 33:28 bei 45:12

Um Enn hu sech d'Mierscher Jongen awer leider knapp mat 38:34 misse geschloe ginn.

05/10/2026

29/09/2026

De Weekend steet d’Coupe um Programm mat 2 Heemmatcher e Sonndeg 04/10.

▶️ 16:00 - Damme géint Handball Esch ASBL

▶️ 18h15 - Häre géint HC Atert Redange

28/09/2026

E Samsdeg gewanne eis Hären och hiren 2. Match an dat mat 19:32 beim HC Atert Redange (Paus 9:19).
Sie hunn d'Ufanksphas vun der Partie dominéiert a gounge schonn no 7 Minutten duerch e Gol vum Charles Epps mat 1:5 a Féierung. Den HC Atert Redange huet mat engem Timeout bei der Spillzäit 06:22 reagéiert.
Am weidere Verlaf vun der éischter Hallefzäit hu sie de Virsprong duerch eng konstant héich Trefferquote, besonnesch vum Mirza Hadrovic an dem Charles Epps, weider ausgebaut.
Mat engem Spillstand vun 9:19 ass et an d'Paus gaangen.
An der zweeter Hallschent gouf de komfortabele Virsprong souverän verwalt. Den HC Atert Redange konnt de Réckstand net méi entscheedend verkierzen, mee och bei eisen Hären huet et am Ugrëff net méi esou gutt geklappt. Während knapp 7 Minutten (38:22 bis 45:01) huet keng vun deenen 2 Ekippe konnten ee Gol markéieren. Gutt iwwerstanen hu sie allerdings déi duebel Ënnerzuel gutt 12 Minutte viru Schluss (47:43 + 47:59).
De Schlusspunkt vun der Partie huet den Nick Ziger mat sengem Gol zum 19:32 bei der Spillzäit 59:52 fir den HC Atert Redange gesat.
Top-Buteur bei Réiden war de Patrice Renericken mat 6 Goler, bei eis hunn de Charly Epps (9 Goler9 an de Mirza Hadrovic (7 Goler) am meeschte getraff.

https://spo.handball4all.de/misc/sboPublicReports.php?sGID=3508221

Weider geet et e Sonndeg 04/10 um 18h15 an der Coupe doheem géint... Réiden. 😊

Virdrunner spillen awer och schonn eis Dammen um 16h00 hire Coupematch géint Handball Esch ASBL.

Kommt déi 2 Ekippen ënnerstëtzen. 🥳👏🏆🥁📣

Dee komplette Spillplang fannt dir hei:
https://mersch75.lu/live-center.html

21/09/2026

An och eis Häre gewannen hiren Optaktmatch géint Leideleng.

Nodeems sie eng 5 Goler Féierung (13:8 bei 22:17) verspillt hu si sie mat 14:15 an d'Paus gaangen.
Ouni eegene Gol tëscht der 26. Minutt (nom 14:11) an dem Hallefzäit-Pëff hu sie Leideleng ee 4:0-Laf erlaabt.
No engem ausgeglachene Spillstand (22:22 an der 46. Minutt) huet Leideleng an de leschte 14 Minutten den Uschloss verluer a konnt eisen zouverlässeg treffende Spiller näischt méi entgéintsetzen.
Béid Ekippen hunn eng gewëssen ondisziplinéiert Spillweis gewisen an all Kéier fënnef 2-Minutte-Strofe kasséiert, wat de Spillfloss widderhuelt gestéiert huet.
Nom Réckstand an der Paus mat 14:15, konnte sie d'Partie an der zweeter Hallefzäit awer dréinen an d'Schlussphas dominéieren (vum 22:22 an der 46. Minutt op den Endstand vun 29:27).
De Charly Epps (Mersch75) war de beschte Buteur mat 10 Goler, ënnerstëtzt vum Thomas Epps mat 7 Goler. Bei Leideleng hunn den Tom Wirth (8 Goler) an de Lazar Marinkovic (7 Goler) iwwerzeegt.

spo.handball4all.de/misc/sboPublicReports.php?sGID=3504641

Weider geet et e Samsdeg 26/09 um 19h00 zu Réiden.

Dee komplette Spillplang fannt dir hei:
https://mersch75.lu/live-center.html

21/09/2026

Eis Damme gewannen hiren 1. Match mat 25:22 géint Bieles/Pétange (Paus 14:14).

Bieles/Pétange huet an der zweeter Hallschent e massiven offensiven Abroch erlidden a blouf tëscht der 46. Minutt (nom 21:19) an der 58. Minutt (25:20) fir iwwer 11 Minutten ouni eegene Gol.
Béid Ekippen hunn ongenotzt Chancen bei 7-Meter-Wërf leie gelooss. D'Myriam Philippi (Bieles/Pétange) ass bei der Zäit 40:26 gescheitert, an d'Martina Sanches Borges (Mersch75) huet bei 50:13 verginn.
Mersch75 krut am Ganze véier 2-Minutte-Strofen, dovun eleng zwou Strofe fir d'Isabelle Bettendroffer.
Bieles/Pétange krut am ganze Spillverlaf keng eenzeg 2-Minutte Strof, konnt dës Iwwerzuelsituatiounen awer net an eng Victoire ëmwandelen.
Déi éischt Hallschent war duerch e stännege 'Schlagabtausch' a wiesselnd Féierungen markéiert, wat zu engem 14:14-Gläichstand zur Paus gefouert huet.
D'Laura Reding (Mersch75) an d'Tania Da Costa (Bieles/Pétange) waren déi treffsécherst Spillerinne vum Match mat jeeweils 8 Goler.
Mersch75 huet sech an der zweeter Hallschent déi spillentscheedend Féierung duerch e 4:0-Laf erausgespillt, deen de Spillstand vun 21:19 (Spillzäit 45:41) op 25:19 (Spillzäit 56:11) ausgebaut huet.
Bieles/Pétange huet an der Schlussphas Moral gewisen an déi lescht dräi Goler vum Spill hannertenee geschoss (tëscht der Minutt 57:07 an 59:39), fir d'Endresultat vu 25:19 op 25:22 ze verkierzen

spo.handball4all.de/misc/sboPublicReports.php?sGID=3504081

Weider geet et den 10/10 um 18h00 zu Schëffleng.

Dee komplette Spillplang fannt dir hei:
https://mersch75.lu/live-center.html

Vous voulez que votre entreprise soit en tête de la catégorie Salle De Sport à Mersch ?
Cliquez ici pour obtenir votre annonce sponsorisée.

Téléphone

Adresse


Rue Des Prés
Mersch
7561

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Mersch75 publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

S’abonner

Nous vous informerons de toute nouveauté à Mersch.