FC Marisca Miersch

FC Marisca Miersch

Partager

Den F.C. Marisca Miersch ass ee vun deenen eelste Fussballveräiner zu Lëtzebuerg. Haut spille mir eis Heemmätcher ëmmer am Schlasspesch.

Mir sinn 1908 gegrënnt ginn, 1940 war eng Embenennung a FK Mersch déi 1944 rëm réckgängeg gemaach ginn ass.

Photos from FC Marisca Miersch's post 05/10/2026

Mir soen den Vétérans vum F.C. Marisca Mersch & der Ets BOREIKO & CIE S.à r.l villmools Merci fir sponsore vum Ball de Match gëschter ! ⚽

04/10/2026

Schluss. Mir mussen eis mat 1:3 géint den Avenir geschloen ginn.

04/10/2026

D'Chancen waren duerchaus do fir e Goal ze schéissen, et sinn awer déi Beggener déi duerch en 11m mat der 1:0 Féierung an d'Halbzeit ginn. Hei ass nach alles dran Männer!

04/10/2026

Matchday ! Éischten Heemmmatch fir eise neien Staff.

Allez Männer ! 🟡🔵

Photos from FC Marisca Miersch's post 01/10/2026

Moien Aurélien! Moien Vito! 👋

Den FC Marisca ass frou den Aurélien Terrier an den Vito Castellana als Trainer an Co-Trainer ze präsentéieren. Déi zwee hunn op hieren leschten 3 Statiounen zu Ettelbréck, Beggen a Walfer schonn mateneen geschafft a bréngen räichlech Promotiounserfahrung mat. Den Tim Wiltgen (Co-Trainer) an den Philippe Chrismousse (GK-Trainer) bleiwen dem Marisca an hiere jeweilegen Funktiounen erhalen.

Bonne Chance dir zwee !

Photos from FC Marisca Miersch's post 28/09/2026

De Marisca an de Mika Zaritski ginn getrennte Weeër.

No der Néierlag vu gëschter géint d’Union Remich-Bous huet de Mika d’Decisioun getraff, säin Amt als Trainer néierzeleeën. Zesumme mam Taras huet hien dem Veräin seng Démissioun matgedeelt.

Mir soen deenen zwee villmools Merci fir hirt Engagement an déi geleeschten Aarbecht a wënschen hinnen alles Guddes fir d’Zukunft.

Bis op Weideres iwwerhuelen den Tim Wiltgen an de Philippe Chrismousse d’Leedung vun der Ekipp.

27/09/2026

Schluss. Eis Gäscht huelen Punkten mat op d'Musel.

27/09/2026

Halbzeit. Déi Réimecher erwëschen eis fréi um falsche Fouss. Mir kommen dono ëmmer besser an de Match an hunn duerchaus d'Chancen op den 1:1. Hei ass nach alles dran. Dru gleewen Männer !

27/09/2026

Matchday! An eisem éischten Match géint d'Miseler sollen et haut déi éischt 3 Punkten vun der Saison ginn. Eis Jungs freeën sech op Äre Support! 🟡🔵

Vous voulez que votre entreprise soit en tête de la catégorie Salle De Sport à Mersch ?
Cliquez ici pour obtenir votre annonce sponsorisée.

Adresse


Mersch

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque FC Marisca Miersch publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

S’abonner

Nous vous informerons de toute nouveauté à Mersch.