Bio-Haff Witry

Bio-Haff Witry

Partager

Mir sinn e Biomëllech-Betrib a Ferme pédagogique zu Dippech. Dir kënnt bei eis frësch Biomëllech un eiser Mëllechtankstell MilKuhMat kafen. Pierre a Caroline

Mir garantéieren ganz frësch Bio-Mëllech direkt aus dem Tank, ouni dass de Killprozess ënnerbrach gëtt.

100% frësch, vun der Kou op den Dësch

Frësch Bio-Mëllech aus der Saueraarbecht,
do wou Mëllech nach no Mëllch schmaacht! Duurch bioLabel-Normen sti mir mat eisem Betrieb fir:
100% natiirleche Geschmaach, ideal fir sou ze genéissen oder weiderzeverschaffen (Joghurt, Kéis,..) An eisem Self-Serv

01/06/2026

Reservatiouen Ferme pédagogique MUHlti-KUHlti😍 fir d'Schouljoer 26/27 sinn op

Photos from Bio-Haff Witry's post 01/06/2026

Ferme pédagogique MUHlti-KUHlti 26/27 fir d'Schoulklassen

Dir wëllt mat äre Schüler (C1-C4) d'Liewe vun den Déieren an dem Bauer op engem Biomëllech- Haff entdecken an erliewen ? Da kënnt dir iech ab elo umelle fir d'Schouljoer 26/27.

Ob eng Visitt, zwou Visitten oder souguer 4 Visitten am Kader vum Projet "Eise Bauerenhaff am Wiessel vun de Joreszäiten", dat entscheet dir :-) D'Kanner entdecken eisen Haff no hirem Rhythmus, léiere mat all hire Sënner, an dierfen an d'Roll vum Fuerscher klammen. Entdeckend Léieren dobausse steet am Mëttelpunkt.

Weider Detailer fannt dir op eisem Site https://www.biohaff-witry.com/ferme-pedagogique/

Visitte kënnen een Dag an der Woch ugebuede ginn, déi aner Deg sinn ech selwer bei menge Schüler an der Schoul.

Freeë mech fir äre Kiddies an iech d'Liewen op eisem Haff erliewen ze loossen.

29/05/2026

Sauvons Bambi Luxembourg

Photos from Bio-Haff Witry's post 29/05/2026

Wéi all Joers ruffe mir Sauvons Bambi Luxembourg ier mir mam Méie starten. Si sinn eng topp Ekipp mat vill Erfahrung😍

Dës Woch waren direkt 4 Réikitz an eise Wiese mat der Dron entdeckt ginn: 1x Zwillingen, an 2x Eenzelkitz😍🥰
Ganz virsichteg sinn déi Kléng an eng Këscht mat Gras gesat ginn an an de Schied gestallt.

Direkt nom Méien, sinn déi Kleng dunn nees op eng sécher Plaz an d‘héicht Gras geluecht ginn, an et huet net laang gedauert do sinn d‘Mammen hiren Nowuess siche komm😍

E grousse Merci u Sauvons Bambi Luxembourg fir hir wertvoll Aarbecht. Dir sidd mega🥰

31/12/2025

Mir wënschen iech e gemiddlechen Ofschloss vum Joer 2025.
Rutscht gutt an dat neit Joer🍀

03/12/2025

Merci fir d‘ Nominéierung Raoul Barthelmy

Eise Bam ass geplanzt a mir haten eise Spaass☺️an dann hoffentlech vill Äppel fir eis Kéi🌳🍎🍏

Mir nominéieren Naturata Bio Marché, Meyers-Haff an Biog-Molkerei Bascharage.

12/09/2025

🐄 Einladung zum Seminar: Alternative Behandlungsmethoden bei Rindern. Erfahren Sie von Experten mehr über 👉 Krankheitsprävention, Homöopathie, Osteopathie & Akupunktur bei Rindern. Theorie & Praxis direkt auf dem Hof👨‍🌾
📅 16.09.2025🕙 10:00 – ca. 15:30 Uhr
📍 Bio-Haff Witry
Das Seminar findet im Rahmen des Projektes Demonstrationsbetriebe Biologischer Landbau Luxemburg statt, welches vom Ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture finanziert wird.

Vous voulez que votre entreprise soit Service De Nourriture Et De Boissons la plus cotée à Dippach ?
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Téléphone

Adresse


An Der Saueraarbecht 1
Dippach
4974