Clarindo
De Clarindo ass den Jugend Orchester vun den 5 Museken, Cliärref, Héngescht, Hëpperdang, Léiler a Munzen, aus da Fusiouns's Gemeng Cliärref.
11/07/2026
No eisem läschte Concert vun der Saison konnte mir eis haut och nach gutt an der Sauer ofkillen. ☀️😃 🏊♀️
Villmols Merci der Concordia Rouspert fir d’Invitatioun!
Mir wënschen Eech all eng schéi Vakanz, genéisst äere Summer! 🤗
24/06/2026
Hei e puer Andréck vun eisem flotte Concert gëschter um Konstfestival Lellgen, déi schéinste Plaz fir Nationalfeierdag ze verbrengen! 🇱🇺☀️😀
Fotoen: Patricia Lefeber
Mir soen dem Clervaux villmols Merci fir d‘Nominatioun! Hei de Video vun eiser Aktioun haut de Moien, de Bom steet! 😎🤩✅
Mir nominéieren heimat de Jugendendorchester van der Wëntger Musik, d’Munzer Musik an déi Léiler Musik. Dir hat 72 Stonnen Zäit fir äere Bom ze planzen, soss komme mir bei Eech eessen an dranken! 🍀😃
05/04/2025
E puer Andréck vun eisem Concert haut de Mëttich zu Hengischt 🤩🎶
29/03/2025
Rechtzäiteg fir eise Concert nächste Samstig um Fréijoersfest van der Kommissioun vam 3. Alter sënn eis fonkelnei Polo-Shirts akomm 🤗
09/11/2024
Mir haten haut ee ganz flotten Ausfluch mat eisem Orchester an d’Aqualibi Schwämm zu Wavre! Merci jidderengem dee mat wor 😃🏊♂️🏄🏼💦
10/05/2024
Muer Moien spille mir um Camping Tintesmühle 😎🥁🎺🎷
25/12/2023
Hei ee klenge Réckbléck op eise Concert am November wou mer dem Clarindo seng 15 Joer gefeiert hunn! 🎉🎂
Villmols Merci Patricia Lefeber fir déi schéi Fotoen. 📷🤩
Merci och der Gemeng Cliärref fir hier Ënnerstetzung iwert all déi Joeren, eise 5 Musiken: Léiler Musik, Hengischter Musik Hëpperdanger Musik Harmonie Municipale Clervaux Gemengemusik Munzen an natierlech all de Kanner, Ancienën an Elteren déi gehollef hunn, dat deen Owend sou ee flotte Succès wor. 🎺🎷🥳
Net ze vergiessen déi Hengischter Fraen a Mammen, eisem Sponsor GO Kitchens vu Wäiswampesch an dem Marc an Jaime vum Restaurant Les Ecuries du Parc déi eis no dem Concert mat engem super Buffet verwinnt hunn. 🙂
Eech alleguer ee schéine Chrëschtdag an hoffentlech bis geschwënn op engem vun eise Concerten am neie Joer! 😀
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Type
Contacter la personnalité publique
Site Web
Adresse
8, Montée De L'Eglise
Clervaux
9712
Heures d'ouverture
| 18:30 - 19:30 |