Spartamylof

Spartamylof

Partager

Spartamylof A.s.b.l. as den Supporter Club vum Basketball Club Sparta Bartreng.

Eisen Objet ass fir d'Sparta moralesch a finanziell am In- esou wéi am Ausland ze ënnerstëtzen.

Photos from Spartamylof's post 25/09/2026

Télévie 2027 – Bartreng Centre de Promesse ❤️

Geschter, um Weltdag vun der Kriibsfuerschung, huet d’Gemeng Bartreng matgedeelt, dass Bartreng 2027 Centre de Promesse am Kader vum Télévie gëtt!

Als Bartrenger Veräin si mir selbstverständlech mat dobäi a wëllen eis och fir dëse gudden Zweck asetzen.

Spartamylof bedeelegt sech deemno solidaresch un der Aktioun Télévie! ❤️ Bei all Spartamylof Event, wou mir e Stand hunn, ginn 1 € pro Consommatioun un den Télévie gespent.

Genéisst e Patt, ënnerstëtzt Spartamylof a leecht gläichzäiteg e Bäitrag fir e gudden Zweck!

👉 Kommt bei eise Stand, ënnerstëtzt eis a maacht mat bei dëser wichteger Aktioun!

Loosst eis zesummen en Zeeche vu Solidaritéit an Engagement setzen an dozou bäidroen, d’Kriibsfuerschung weider no vir ze bréngen.

Zesumme si mir méi staark! ❤️🏀🎗️ 🎗️ 🎗️

————

Yesterday, on World Cancer Research Day, the Municipality of Bertrange announced that Bertrange will become a “Centre de Promesse” for Télévie in 2027!

Spartamylof is proud to support the Télévie campaign! ❤️ At every Spartamylof event where we have a stand, €1 from every drink purchased will be donated to Télévie.

Enjoy a drink, support Spartamylof and at the same time make a contribution to a great cause!

👉 Come by our stand, support us and join us in this important initiative!

Together, let’s show our solidarity and commitment and help support the fight against cancer and advance cancer research.

Together, we are stronger! ❤️🏀

15/09/2026

Den Optakt vun der neier Saison steet virun der Dier! 🏀

Den éischten Heemmatch am Atert steet un, an natierlech dierfe mir do net feelen! 🍻

Mir si mat eisem Gedrénksstand am Asaz a freeën eis, zesumme mat iech, den Optakt vun der Saison ze feieren. 🥳

🗓️ Samsden den 19.09.2026
🏀 Sparta vs. Zolwer
⏰ 20:00 Auer
📍 Atert Bertrange

👉 Datum notéieren, Kollegen apaken a laanscht kommen!

Mir gesinn eis am Atert! 💪🏀🍻

The first home game at Atert is coming up, and of course, we won’t be missing it! 🍻

We’ll be there with our drinks stand, ready to kick off the new season together with all of you!

👉 Save the date, grab your friends and come join us!

See you at Atert! 💪🏀🍻

30/08/2026

SOLD OUT – Merci fir äer Ennerstëtzung an äeren Support. Mir gesinn eis den 13/09. Thank you for your trust and your support. See you on September 13th!

Photos from Spartamylof's post 15/08/2026

Och déi lescht Saison hu mir als Supporter Club vu der Sparta Bartreng de Veräin nees tatkräfteg ënnerstëtzt – souwuel moralesch wéi och finanziell.

Nodeems mir an de leschte Joren eis Senior-Ekippe komplett agekleet haten an de Veräin ënner anerem beim Finanzement vun enger Worfmaschinn ënnerstëtze konnten, hu mir och an der Saison 2025/26 e wichtege Bäitrag fir Sparta geleescht. Am Kader vum 90-Joer-Jubiläum vu der Sparta hu mir dem Veräin en Don vun 3.090,90 € iwwerreecht an um Ofschloss vun der Saison, bei der Generalversammlung, koum nach en weideren Don vun 4.000 € dobäi.

A wéi bal all Joer hu mir och eis Kleeschefeier organiséiert an eise Klengsten mat engem flotte Cadeau eng Freed gemaach. Natierlech ware mir och bei den Heemmatcher präsent: Mat eisem Stand, eisen aussergewéinleche Cocktailer an eiser Bartrenger Lof(t) hu mir fir gutt Stëmmung gesuergt. An och um Wantermaart waren mer natierlech nees mat dobäi.

Ausserdem hu mir eis Memberen, de CA vu der Sparta, d’Jugendcoachen, souwéi Spartinaikos an d’Hären- an d’Damenekipp op eng gemeinsam Chrëschtfeier an de Chalet zu Bartreng invitéiert.

E grousse Merci geet un all eis Memberen a Supporter, déi eis duerch d’Saison begleet an ënnerstëtzt hunn. Ouni är Ënnerstëtzung, är Begeeschterung an ären Engagement wier all dat net méiglech gewiescht.

Esou konnte mir och dës Saison eise Beitrag dozou leeschten, Sparta Bartreng ze ënnerstëtzen – mat vill Engagement, vill Häerzblutt an enger grousser Portioun Leidenschaft fir eise Veräin.

Saison 2026/27 kann kommen. Mir sin bereet….

Ār Spartamylof

24/07/2026

Marche gourmande zu Bartreng : Dir sidd schonn an der Vakanz oder dir preparéiert är Vakanz an hutt nach keng Tickete fir eis Marche Gourmande?

Dann séchert Iech elo nach séier ären Ticket op www.spartamylof.com a bezuelt bequeem online. Mir gesinn eis dann no der Vakanz, Sonndes den 13.09.2026! 😉

Photos from Bartrenger Duerffest's post 23/07/2026

Kommt op e Patt bei Sparta Bartreng. Mir selwer sinn Sonndes hannert dem Champesstand aktiv. Mir freeën eis elo schonn op ären Besuch. Haalt Iech den Weekend vum 7-9 August fir Bartrenger Clib frai an kommt eis all ennerstëtzen. Bis dann 🥂

19/07/2026

Welcome, Laure! All Guddes fir dain neien Challenge als Coordinatrice vum Dammebaskett bei der Sparta gewënscht 🍀

14/07/2026

Marche Gourmande Bartreng - 13. September 2026!

Et bleiwen nach puer Platzen iwwreg 😱Reservéiert elo är Plaz nach virum Ufank vun der Summervakanz a genéisst eng stressfräi Vakanz mat äre Léifsten.

Entdeckt e ronn 10,5 km laange genossvollen Tour mat griicheschen Spezialitéiten duerch a ronderëm Bartreng a loosst den Dag zesumme mat eis am Duerfgaart op der Arrivée gemittlech auskléngen.

Online Umeldung ➡️ www.spartamylof.com

👉 Sidd mat derbäi – Mir freeën eis op Iech

Photos from Spartamylof's post 09/07/2026

🇬🇷 NËMMEN NACH 35 PLAZEN! 🇬🇷

Alles ass prett fir eis Marche Gourmande! 💙🤍
Mat der Berodung vun eise griichesche Sparta-Memberen hu mir alles virbereet. 🙌

⏳ D’Plaze gi knapp – mellt Iech elo un a sidd mat dobäi! www.spartamylof.com

🇬🇧 ONLY 35 SPOTS LEFT! 🇬🇷

Everything is ready for our Marche Gourmande! 💙🤍 With the support and the guidance of our Greek Sparta members, all preparations are complete. 🙌

⏳ Spots are filling up – sign up now and join us! www.spartamylof.com

17/06/2026

Sitt mat derbai 🏀

🇱🇺 Den Ticket Virverkaf fir d'Lännermatcher Ufank Juli ass op! Hei kënnt Dir Är Tickets bestellen:

https://www.luxembourg.basketball/ticket-presale-is-open-6/

Vous voulez que votre entreprise soit en tête de la catégorie Salle De Sport à Bertrange ?
Cliquez ici pour obtenir votre annonce sponsorisée.

Catégorie

Adresse


Bertrange
8051

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Spartamylof publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

S’abonner

Nous vous informerons de toute nouveauté à Bertrange.