CMCM
Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste
La solidarité et l'aide mutuelle pour toute la famille.
24/06/2026
💗 Vum 1. bis den 3. Juli 2026 ass de « Bus du Cœur des Femmes » zu Esch-Uelzecht op der Gemengeplaz. Dës Initiativ vun der Ville d'Esch an dem Centre Hospitalier Emile Mayrisch am Kader vun « Agir pour le Coeur des Femmes » sensibiliséiert fir d'Häerzgesondheet vun de Fraen an ënnerstëtzt d'Preventioun vu kardiovaskuläre Krankheeten.
📍 D'CMCM ass Mëttwochs den 1. an Donneschdes den 2. Juli och op der Gemengeplaz zu Esch präsent a freet sech op den Austausch mat dir.
Komm laanscht a schwätz mat eis iwwer Gesondheet, Preventioun an d'Virdeeler vun enger gudder medezinescher Ofdeckung.
📅 1. – 2. Juli 2026
⏰ 9:00 – 17:00 Auer
📍 Place de l'Hôtel de Ville, Esch-Uelzecht
Amicale des Patients de l'INCCI asbl
22/06/2026
🎉Déi ganz Ekipp vun der CMCM wënscht dir e schéinen Nationalfeierdag!
✨Toute l'équipe de la CMCM te souhaite une bonne fête nationale !
🎊Das gesamte CMCM-Team wünscht dir einen schönen Nationalfeiertag!
🎆The entire CMCM team wishes you a happy Luxembourg National Day!
Genéisst dësen Dag mat denger Famill, denge Frënn an denge Léifsten!✨
22/06/2026
🤝CMCM an LIROMS féieren hir erfollegräich Partnerschaft fir de Projet Healthy Active weider
Mir freeën eis, matzedeelen, datt d’CMCM an Luxembourg Institute of Research in Orthopedics, Sports Medicine & Science hir erfollegräich Zesummenaarbecht am Kader vum Projet Healthy Active offiziell erneiert hunn.
Duerch déi nei Konventioun gëtt de Projet an de kommende véier Joer weidergefouert an ausgebaut, mam Zil d’Sportverletzungspräventioun zu Lëtzebuerg weider auszebauen an d’Gesondheet vun de Sportlerinnen a Sportler ze fërderen.
💙 Zesumme setze mir eis weider fir méi Gesondheet, méi Präventioun an e méi séchere Sport fir jiddereen an.
21/06/2026
🚎 CMCM ON TOUR – D’nächst Woch si mir
📍 E Mëttwoch de 24. Juni am Topaze Shopping Center um Mierscherbierg vun 12h bis 18h
👉 Déi ganz Lëscht mat den Datumer, Plazen an Auerzäite kanns du dir op eisem Site ukucken: https://ontour.cmcm.lu
21/06/2026
🧘♀️ Haut ass de Weltyogadag 🌿An deem Kader kucke mir op eisen Yoga - Health Talk zeréck, geleet vum Sarah Cattani, wat eis spannend Ablécker an d’Welt vum Yoga an dem Wuelbefanne ginn huet ✨
Am Virtrag ass gewise ginn, datt Yoga vill méi ass wéi just kierperlech Übungen. Et verbënnt Beweegung, Ootmung an Entspanung a kann dozou bäidroen, méi Balance am Alldag ze fannen 💚
🙏 Merci un d'Sarah Cattani fir déi flott Zesummenaarbecht an un all Participanten, déi dëse Moment mat eis gedeelt hunn.
Dir wëllt iech méi gesond ernären, mee wësst net, wou ufänken? 🍎
D’Nathalie Weber, Dieteticienne, erkläert unhand vun der Liewensmëttelpyramid, wéi een déi éischt Schrëtt a Richtung equilibréiert Ernärung maache kann 🥦🍞
Vun der Quantitéit un Uebst a Geméis bis hin zum Zockerkonsum erkläert Si déi wichtegst Recommandatioune fir eng gesond an ausgeglachen Ernärung 💡
🎥 Entdeck praktesch Tipps fir méi Balance am Alldag
! Liewensmëttelpyramid
19/06/2026
⛱️ De Summer ass do an domaaden och d’Hëtzt 🌞 Am neie Gesondheetstipp op RTL geet et dës Kéier ëm d‘Hëtzt 🌡️ an wéi dëst eise Kierper staark belaaschten kann 🥵 Wéi schützen ech mech géint Hëtzt? ⚠️ Wat sinn d'Geforen?😎 A wéi kann een och bei héijen Temperaturen cool bleiwen?
🎥 Kuck dir hei de néie Video un a gëff méi doriwwer gewuer:
Episod 12: Hëtzt Hëtzt kann eise Kierper staark belaaschten.
14/06/2026
🚎 CMCM ON TOUR – D’nächst Woch si mir
📍 En Donneschden den 18. Juni zu Klierf um Maart am Zentrum vun 10h bis 16h
👉 Déi ganz Lëscht mat den Datumer, Plazen an Auerzäite kanns du dir op eisem Site ukucken: https://ontour.cmcm.lu
14/06/2026
Mir wënschen all de Mammen alles Léiwes an nëmmen dat Bescht fir hire groussen Dag!🌼🤱
Genéisst d'Zäit mat der Famill, a verbréngt e schéine Mammendag zesummen🌸❤️
13/06/2026
📢 Léiwe Member. Den 15. Juni sinn eis Büroen ausnahmsweis vun 15:00 bis 16:00 Auer zou 🔒
Merci fir däin Versteesdemech. Mir sinn duerno nees gär fir dech do.
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Type
Contacter la pratique
Site Web
Adresse
32-34, Rue De Hollerich
Luxembourg
1740
Heures d'ouverture
| Lundi | 08:45 - 11:45 |
| 13:00 - 17:00 | |
| Mardi | 08:45 - 11:45 |
| 13:00 - 17:00 | |
| Mercredi | 08:45 - 11:45 |
| 13:00 - 17:00 | |
| Jeudi | 08:45 - 11:45 |
| 13:00 - 17:00 | |
| Vendredi | 08:45 - 11:45 |
| 13:00 - 17:00 |