GIPS
Groupe d'intervention de premiers secours du Lycée des Arts et Métiers
Den Groupe d'Intervention de Premier Secours, kuerz G.I.P.S, ass vun Schüler, fir Schüler an Personal. Den G.I.P.S ass dofir do fir am Fall vun engem Medizineschen Noutfall d'Zäit bis eng Ambulanz do ass professionel ze iwwerbrécken. All Member ass Mindestens mat engem éischt Hëllefscours ausgebild woubäi en Groussdeel sech awer aus fräiwëllegen Pompjeeë oder Ambulancieren zesummen sëtzt déi beim
13/07/2024
Zum Ofschloss vum Schouljoer 2023/2024 kruten eis Membere vum G.I.P.S feierlech "d'Certificats de Merite" iwwerreecht. Am Uschloss hu mir nach eng Gruppefoto mat eiser neier Asazkleedung gemaach.
Absent op der Foto sinn de Pit Blasius, Damien Meyer an de Filip Stacewicz.
Mir wënschen de Schüler aus dem LAM - Lycée des Arts et Métiers eng schéi Vakanz! 🚑⛱️
22/05/2024
De GIPS wënscht sengen Memberen déi op der Première sinn an och allen aaneren Schüler Bonne Chance a vill Erfolleg fir är Oofschlossexamen! 🍀💪
02/05/2024
Merci fir d'Invitation op deen super flotten a gudd organiséieren Dag! 💪🚑
29/04/2024
Och de G.I.P.S war um Dag vun der éischter Hëllef vum EHTK vertrueden.
Mir soen dem Éischt Hëllef Team Kolléisch (EHTK) villmols merci fir dëss flott Méiglechkeet a fir déi gudd Organisatioun vum Dag!
Éischt Hëllef am Lycée: Übe fir den Noutfall am Stater Kolléisch 140 Schüler aus 13 verschiddene Lycéeën hunn dëse Freideg um Dag vun der Éischter Hëllef Deel geholl.
26/10/2023
+++ De G.I.P.S rekrutéiert First Responderen! +++
Bass du Hëllefsbereet? Bass du motivéiert dengen Matschüler an dem Personal vum LAM an Nout ze hëllefen? Hues du loscht un flotten Projeten Deelzehuelen? Dann ass de G.I.P.S dat richtegt fir dech!
Konditiounen fir Member ze ginn sinn:
- Schüler um LAM Limpertsbierg sinn (ab 4ième)
- Mindestens en Éischt Hëllef Cours hun (max. 5 Joer aal)
- fir Leit déi beim CGDIS sinn geet den SAP1 oder SAP2 och.
- An natierlech déi néideg Motivatioun 😉
Mir freeën eis!
16/10/2023
[World Restart a heart day 2023]
🇱🇺 Haut um World Restart a Heart Day wëlle mir Iech d’Coursen vum CGDIS - dorënner och den Éischt Hëllef Cours un d'Häerz leeën, wou Dir déi richteg Geste gewise kritt fir Liewen ze retten.
Méi Informatioune fannt Dir hei: https://112.public.lu/fr/formation/premiersecours.html
🇬🇧 On today’s World Restart a Heart Day we want to recommend the first aid course, where you can learn how to save lives with simple gestures.
Find more information at: https://112.public.lu/fr/formation/premiersecours.html
10/07/2023
Zum Oofschloss vum Schouljoer huet de GIPS nach eng Permanence fir den LAMRun garantéiert. An engem Fall wou engem Leefer schlecht ginn war huet de GIPS intervenéiert. Déi eng oder aaner Ploschter huet de GIPS dann och nach verdeelt.
Domat wënschen mir eng schéin, erhuelsam Vakanz ☀️
13/06/2023
De G.I.P.S um Schoulfest 2023 am LAM 🧑⚕️
Dir sidd Schüler am LAM, hudd nach kee Plang wat der muer um Schoulfest alles erliewen kënnt an sidd motivéiert eppes fir d'Liewen ze léieren? Dann kommt muer ab 10h00 um Site Lampertsbierg an den SL-018 wou dir de Prinzip an d'Basismooßnahmen vun enger Reanimatioun bäibruecht kritt!
Mir sinn och während dem ganzen Schoulfest do am Sall falls Iech eppes geschitt / Dir Iech während dem Fest blesséiert.
Mir freeën eis op Iech!
Äre G.I.P.S aus dem LAM
03/10/2022
Zënter haut den Mëtteg sinn eis Affichen am Lycée ze gesinn. Mellt Iech gären iwwer [email protected]
02/09/2022
D'Rentrée steht virun der Dier an soumat sicht de G.I.P.S aus dem Lycée des Arts et Métiers fir d'Joer 2022-2023 nei Memberen fir seng Equipe ze verstärken!
Bass du:
- Am LAM Site Limpertsbierg?
- Hues minimum een Éischt Hëllef Cours deen net méi aal wéi zwee Joer ass oder souguer een SAP1/SAP2?
- interesséiert mat enger flotter dynamescher Equipe zesummen ze schaffen an dengen Matschüler an enger Noutsituatioun ze hëllefen?
Wann d'Äntwert ob déi Froen JO ass, dann mell dech elo iwwer D'E-Mail Adress [email protected] bei eis!
Mir freeën eis ob dech!
Däin G.I.P.S
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Téléphone
Site Web
Adresse
19, Rue Guillaume Schneider
Luxembourg
L-2522