1000deeg

1000deeg

Partager

Ganzheetlech Beikost-Berodung fir Familljen zu Lëtzebuerg.
4 Wochen 1:1 Begleedung | 1:1 Beikost-Analyse
Evidenzbaséiert. Ouni Drock.

Mat Häerz.
🏅 Label Impact Luxembourg | SIS
📩 Schreif mir op WhatsApp
Https://1000deeg.com

24/02/2026

🥣 Baby knows best.

Bebeën kommen mat enger natierlecher Fäegkeet op d’Welt:
Si spieren, wéini si Honger hunn.
Si spieren, wéini si genuch hunn.

Mee dës Selbstregulatioun kann ganz fréi gestéiert ginn.

„Du muss nach e Bëss huelen.“
„Maach d’Glas eidel.“
„Nach e Läffel.“

Esou fänkt dacks eng Ofkopplung vum eegene Kierper un.

Am éischte Liewensjoer geet et net nëmmen ëm „fest Iessen aféieren“.
Et geet ëm:

• Selbstregulatioun
• Darm-Entwécklung
• Eisen- a Nährstoffopbau
• Vertrauen an den eegene Kierper

An dofir ass net nëmmen d’WAT wichteg.
Mee och d’WÉI.

Nährstoffräich Beikost heescht:
kleng Moen – héich Nährstoffbedierfnesser – keen Drock.

Déi éischt Joer leeën d’Fundament.

An genau do setzt meng Aarbecht un.

Ech begleeden Elteren tëschent 4–12 Méint,
fir d’Beikost net nëmmen „richteg“,
mee nährstoffdicht an physiologesch sënnvoll opzebauen.

Wann s du dengem Bebe e staarkt Fundament wëlls ginn,
schreif mir 🤍


1000Deeg Nurture
Nährstoffräich Ernärung am éischte Liewensjoer

22/02/2026

Eist Frühstück mat 10 Méint.

Einfach.
Nährstoffräich.
Opbauend.

🥚 Ee – fir Cholin, Protein a wichteg Fetter
🐟 Sardin – Omega-3, Jod an Eisen
🥬 Réi Sauerkraut – kleng Quantitéit, fein gehackt, fir natierlech Fermenter
🌰 Maronen-Noss-Bällchen (.de inspiréiert) – Energie a Mineralstoffer
🫒 E bëssen Ueleg – fir d’Opnahm vu fettlésleche Vitaminnen

Beikost ass net do, fir just ze saturéieren.
Si baut op.

Darmflora.
Immunsystem.
Gehirentwécklung.

Beikost als Fundament.

Perséinlech Beikost-Begleedung fir Bebeën tëschent 4 an 12 Méint.
Interesse? Schreiw mir.

21/02/2026

Ech weess, wéi sech dat ufillt.
De Beikoststart ass spannend.
Mee kann och iwwerwältegend sinn.

Vill Rotschléi.
Vill Meenungen.
Vill „Du muss…“.

An iergendwann stees de do a frees dech:
Maachen ech dat richteg?
Kritt mäi Bebe wierklech dat, wat en elo brauch?

Beikost ass net just Iessen.
Si leet e Fundament fir d’Liewen.
Ab Mäerz starten ech mat Beikost-Consultatioune fir Bebeën tëschent 4 an 12 Méint.

D’Begleedung leeft per Sproochnooriicht, mat Äntwerte bannent 48 Stonnen (Wochendeeg).

Strukturéiert. Duerchduecht. Well Beikost net an engem Rendez-Vous geschitt, mee am Alldag.

Basis-Begleedung (4 Wochen) – verlängerbar.

Meng Approche baséiert op menger holistescher Ausbildung bei OhBaby Holistic Nutrition

Ech schaffen mat engem ganzheetleche Bléck op:
• Nährstoffräich éischt Liewensmëttel
• Opbau vun enger gesonder Darmflora
• Eisen-Optimiséierung
• Aféierung vun Allergenen
• Ënnerstëtzung bei Verdauungsproblemer & Ekzema

Wat s du konkret kriss:
✔️ En op däi Bebe ugepassten, evolutiven Iessplang
✔️ E klore Fuerplang fir d’Allergen-Aféierung
✔️ Kontinuéierlech Begleedung per Sproochnooriicht
✔️ Strukturéiert Ofschloss-Zesummefaassung

Net just Tipps.
Mee Kloerheet.

D’Plaze si limitéiert.
Mell dech elo 🤍

1000Deeg
Ganzheetlech Beikost, déi opbaut.

Tel: 621 555 416

Tëscht Verantwortung a Verzweiflung: D’Realitéit vu Famillje mat schwéier kranke Kanner 24/04/2025

Tëscht Verantwortung a Verzweiflung: D’Realitéit vu Famillje mat schwéier kranke Kanner

Wéi liewen Elteren den Alldag mat engem schwéier kranke Kand? A firwat feelt zu Lëtzebuerg nach ëmmer eng Maison de Répit? Den Loutsch vun der ASBL une parenthèse https://www.facebook.com/profile.php?id=100072163152568

erzielt seng perséinlech Geschicht – a setzt e kritesche Bléck op e System, deen net fir jidderee funktionéiert.

Tëscht Verantwortung a Verzweiflung: D’Realitéit vu Famillje mat schwéier kranke Kanner 1000deeg · Episode

EP48: Sproochentwécklung ouni Drock – Tipps vun der Orthophonistin 01/04/2025

📣 Sproochentwécklung ouni Drock 🎙️

„Déi allermeescht Kanner léieren d'Sprooch ganz natierlech an hirem eegenen Tempo.“ - Inès Aertsen , Orthophonistin

Mee wat geschitt wierklech an deene wichtegen éischte Joren? Wéini soll ee sech Suergen maachen, wa Sätz net esou kommen, wéi erwaart?

Entdeckt den neien Artikel iwwert d’Sproochentwécklung bei Kanner op eisem Blog – a véier Sproochen!

https://www.1000deeg.com/post/ep48-sproochentwécklung-ouni-drock

🎧 Lauschtert d’Episod op:

Spotify: https://open.spotify.com/episode/2Z108ytOYvGPeiN897IImj?si=3Jaiv5NMRBCdMd2HPZyRDg

Apple Podcasts : https://podcasts.apple.com/lu/podcast/1000deeg/id1719112806?i=1000701540798

YouTube: https://www.youtube.com/watch?v=Fe40qFH_cng&list=PLCJfbyhY2u1ouopN4hwj-JnhJ2W6RCa1r

💬 Wat si mengt Dir? Wat sinn Är Erfarungen? Schreift eis gär e Kommentar oder deelt de Post!

Maxi Pesch

EP48: Sproochentwécklung ouni Drock – Tipps vun der Orthophonistin Wéi léiert e Kand iwwerhaapt ze schwätzen? Wat geschitt an deene wichtegen éischte Joren, wou souvill Fundamentales geléiert gëtt? A wéini sollt ee sech Suer...

Vous voulez que votre personnage public soit Personnage Public la plus cotée à Luxembourg ?
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Type

Téléphone

Adresse

Luxembourg