Sam Tanson
Députéiert déi gréng / Porte-parole déi gréng @ CHD. Ex- Kultur a Justizministerin 🌻
11/03/2026
D’Petrolspräisser klammen nees – an domat och de Risiko vun enger neier Energiekris.
De Konflikt am Noen Osten weist nach eng Kéier eng onbequeem Wourecht: soulaang Europa vu fossillen Energien ofhängeg bleift, wäert all geopolitësch Kris och direkt eis Energiepräisser beaflossen.
Fir Stéit an Entreprisen heescht dat méi héich Käschten, méi Inflatioun an eng nei Belaaschtung fir d’Kafkraaft.
Ech hunn haut de Moien an engem Interview beim radio 100,7 iwwert dës Situatioun geschwat.
Zesumme mat menge Kolleg*innen hu mir och en oppene Bréif un de Premierminister geschéckt. Eis Fuerderunge :
➡️ Stéit an Entreprisen virun neie Präisschocke schützen.
➡️ D’Ofhängegkeet vu fossillen Energien konsequent reduzéieren.
➡️ Keng Verwässerung vun de bestoenden Instrumenter.
Fossil Energien sinn net nëmmen e Klimaproblem. Si maachen eis och wirtschaftlech a geopolitësch verwonbar.
All Energiekris weist eis dat selwecht: déi bescht Äntwert ass méi séier op propper an lokal Energiequellen ëmzestellen.
All ons Solidaritéit gëllt de Mënschen am Iran, déi scho sou laang ënnert dem Regime leiden. hier ist der Mee: Wat geschitt elo am Iran?
D’Land ass bombardéiert ginn. De Regimm, deen d’Leit terroriséiert huet, ass net méi op der Plaz mee d’Situatioun bleift onstabil. An der Regioun gi permanent nei Explosioune gemellt. Des nei Weltuerdnung däerf net normal ginn! Europa muss sech vill méi staark fir de multilaterale Kader asetzen, deen eis Sécherheet an Zesummeliewe garantéiert. Mir hoffen op e Regimmwiessel, deen de Wee fräimécht fir Fräiheet an Demokratie.
02/03/2026
Beandrockend Entrevue haut mat de fréiere politesche Prisonéier Aliaksandr Mantsevich a Mikola Dziadok aus Belarus.
Hir Erzielung iwwer Haftbedéngungen, Repressioun an d’Kriminaliséierung vun onofhängegem Journalismus a politeschem Engagement a Belarus weisen, wéi héich de Präis fir Fräiheet a Meenungsfräiheet ka sinn.
Hir Stëmmen mussen och hei bei ons geheiert ginn an den Drock vun der EU op de belarussesche Regime dierf net noloossen.
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Contacter la personnalité publique
Site Web
Adresse
Luxembourg