Gilles Roth
Finanzminister Lëtzebuerg | Minister of Finance of Luxembourg
18/04/2026
🤝Gutt bilateral Diskussioune mat mengen Homologen aus 🇧🇷 Brasilien, 🇹🇷 der Tierkei, 🇨🇮 der Côte d’Ivoire, 🇦🇴 Angola, 🇨🇷 dem Costa Rica, 🇲🇳 der Mongolei a 🇸🇱 Sierra Leone bei de Fréijoersreunioune vum FMI an der Weltbank.
Mir hunn eis iwwer eis jeeweileg Erausfuerderunge fir Wirtschaft a Finanzen ausgetosch. Fir d’Zesummenaarbecht weider ze stäerken.
©️ Ministère des Finances, Luxembourg
World Bank Group | International Monetary Fund | Ministry of Finance, Luxembourg
18/04/2026
🔸Beim Lancement vum AI Experience Centre vum Luxembourg House of Financial Technology. Als Haaptprojet vum Finanzministère am Kader vun eiser Lëtzebuerger KI-Strategie weist dësen Zentrum méiglech praktesch KI-Applikatiounen an de Finanzen.
🔸Zu New York, bei PayPal, ee vun de Pionéier vum digitale Bezuelsystem. Mir hunn eis iwwert d'Entwécklungen an der digitaler Finanzwelt ausgetosch, dorënner déi wuessend Bedeitung vun der KI. Weider hu mir iwwer global Bezuelsystemer an d'Zukunft vun de Finanzservicer geschwat.
🔸Zesumme mam Grand-Duc a mam Minister Xavier Bettel um Luxembourg American Business Award zu New York. Gléckwonsch dem Gewënner Plastipak. Eng Unerkennung fir säi grousst Engagement fir Lëtzebuerg mat sengem LuxPET-Site zu Nidderkäerjeng.
🔸Meng 5. Participatioun un de Fréijoersreunioune vum FMI an der Weltbank zu Washington. Mat 25 Reunioune mat Vertrieder vu Finanzinstitutiounen a Banken. Eng Geleeënheet, fir Lëtzebuerg ze vertrieden an d’Wichtegkeet vun der multilateraler Zesummenaarbecht ze ënnersträichen. Grad an Zäite vu grousse wirtschaftleche Verännerungen.
IMF Spring Meetings 2026
17/04/2026
Intressanten Austausch mat Spëtzevertrieder vun de Multilateralen Entwécklungsbanken (MDB) iwwer d’Mobiliséiere vu privatem Kapital, d’Reduzéiere vun Investitiounsrisiken an d’Stäerkung vun der Entwécklung am Privatsecteur.
Mir hunn eis doriwwer ënnerhale wéi Zesummenaarbecht tëschent MDBen a Finanzplaze wéi Lëtzebuerg kann ausgesinn – andeems si Kapitalmäert an innovativ Finanzinstrumenter notzen – fir besser privat Investitioune fir d‘Marchéen an Entwécklungslänner unzezéien. D’Diskussioun huet och d’Wichtegkeet vun enger méi staarker Zesummenaarbecht tëscht de MDBen, enger zolitter Gouvernance a vereinfachte Prozeduren ervirgehuewen, fir Investitiounen z‘erliichteren.
Ministry of Finance, Luxembourg | Gouvernement luxembourgeois |
Day two of the IMF Spring Meetings
16/04/2026
Op de Fréijoersversammlunge vum Internationale Wärungsfong (FMI) an der Weltbank hunn ech d’Decisioun vum FMI begréisst, den Zenter fir Technesch Hëllef fir Südosteuropa (SEETAC) ze grënnen. Dësen Zenter wäert Albanien, Bosnien a Herzegovina, Kosovo, Montenegro, Nord Mazedonien, Serbien a Moldavien hëllefen hir ëffentlech Institutiounen ze stäerken an sech un EU Standarden unzepassen.
Lëtzebuerg wäert den 18. regionale FMI-Zenter ënnerstëtzen. Länner dobäi ze begleeden, gesond wirtschaftlech a finanziell Kaderen opzebauen, stäerkt déi global Stabilitéit, besonnesch fir déi Natiounen, déi mir beim FMI vertrieden.
E kloren Ausdrock vun eisem Engagement fir de Multilateralismus.
©️Ministère des Finances, Luxembourg | IMF
World Bank Group | International Monetary Fund | Ministry of Finance, Luxembourg | Gouvernement luxembourgeois
16/04/2026
Ech hat e gudden Austausch mat der neier Presidentin vun der Asiatescher Infrastruktur‑Investitiounsbank (AIIB), Zou Jiayi.
Mir hunn iwwer d‘Roll vun der AIIB am System vun de Multilateralen Entwécklungsbanke geschwat.
Grad wéi iwwer d’Zukunftsperspektive vun der Bank, fir Kapital nach méi effizient bei der Finanzéierung vun nohaltegen Infrastrukturen ze notzen. E weidere Punkt war, wéi Lëtzebuerg der Bank hëllefe kann, hiert Mandat ze erfëllen.
© Ministère des Finances, Luxembourg
Ministry of Finance, Luxembourg | Gouvernement luxembourgeois
Zesumme mam Grand-Duc a mam Minister Xavier Bettel hat ech d'Freed, un der Zeremonie vum Luxembourg American Business Award am Metropolitan Club zu New York City deelzehuelen.
🏆 Gléckwonsch u Plastipak ♻️, Gewënner vum Luxembourg American Business Award - eng Unerkennung fir säi grousst Engagement fir Lëtzebuerg mat sengem LuxPET-Site zu Bascharage.
Eng nohalteg Wirtschaft mat niddregen Emissiounen ass eng kloer Prioritéit fir Lëtzebuerg an där Konkurrenzfäegkeet op Nohaltegkeet trëfft. Dëst beweist Plastipak haut schonn.
© Ministère des Finances, Luxembourg
Ministry of Finance, Luxembourg | Gouvernement luxembourgeois | Luxembourg for Finance | Cour Grand-Ducale | U.S. Embassy Luxembourg | Luxembourg-American Chamber of Commerce |
14/04/2026
Ech hu mech mam Jamie Miller, Chief Financial & Operating Officer, an dem Aaron J. Webster, Global Chief Risk Officer bei PayPal, getraff. Et ass ee vun de Pionéier vum digitale Bezuelsystem an huet maassgeeblech zu der Entwécklung vum globalem Fintech Ekosystem bäigedroen.
Mir hunn eis iwwert d'Entwécklungen an der digitaler Finanz ausgetosch, dorënner déi wuessend Bedeitung vun der kënschtlecher Intelligenz. Eis Diskussioun huet och d'Zukunft vun de Finanzservicer an enger ëmmer méi digitaler Welt ofgedeckt. 🌍
© Ministère des Finances, Luxembourg
Ministry of Finance, Luxembourg | Gouvernement luxembourgeois | Luxembourg for Finance
13/04/2026
05/04/2026
🐰💐
28/03/2026
🔸 Um Relais pour la vie. Merci un d’Fondation Cancer an all hire Benevollen, déi sech all Dag mat vill Engagement am Kampf géint de Kriibs asetzen.
🔸Op der ALFI Global Asset Management Konferenz. D’Fongenindustrie zu Lëtzebuerg ass wichteg fir d‘Kapital effizient iwwer d’Grenzen ze leeden.
🔸Um Forum vun der Bank of China. An enger Zäit, an där Zesummenaarbecht onëmgänglech ass, spillen d’Finanzen eng zentral Roll als strategesch Verbindung tëschent eise Wirtschaftsraim.
🔸Mam Lucy Rigby, brittesch Wirtschafts-Staatssekretärin am Finanzministère, fir iwwer déi staark Partnerschaft tëscht Lëtzebuerg a Groussbritannien an de Finanzdéngschter ze schwätzen.
🔸Mam Premier a Finanzminister vu Bermuda, David Burt. Mir hunn iwwert d’Roll vun eise Finanzplazen an de weltwäite Mäert an iwwert d’Zesummenaarbecht an der Versécherungs- a Réckversécherungsindustrie geschwat.
🔸Mam Faruk Kaymakcı, den neien tierkeschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg. Tierkei ass e laangjäregen a wichtege Partner vu Lëtzebuerg.
🔸Um MiddleGame Ventures Event ënnert dem Zeeche vu FundTech. D'Zesummenaarbecht tëscht etabléierten Institutiounen a jonke Fintechen ass wichteg.
Click here to claim your Sponsored Listing.
Category
Website
Address
Surakarta