CSJ
CSJ - Oppen, Sozial a Responsabel Politik matgestalten ass sécher haart Aarbecht, mä mécht an enger dynamescher Equipe vu Jonken och Spaass.
Esou kriss du an der CSJ d’Méiglechkeet fir vill aner Jonker vu Lëtzebuerg an aus eisen europäeschen Partnerlänner kennenzeléieren. D’CSJ'ler sinn nämlech op de verschiddensten Niveau'en aktiv, sief et an de Gemengen, de Sektiounen a Bezierker, um nationalen oder internationale Plang. Ausserdeem offréiert d’CSJ senge Memberen zu deenen ënnerschiddlechste politeschen Themen Bildungscoursën an Aarbe
08/06/2026
✍️Den Tripartitesaccord ass ënnerschriwwen
03/06/2026
Léiert d’Anne Steichen am Portrait am Tageblatt besser kennen. Als Schäffe vun der Gemeng Groussbus-Wal an als Member vum CSJ Nationalcomité setzt hat sech fir d’Interesse vun de Bierger an deene Jonken an.
Liest hei de ganzen Artikel:
Frauen in der Lokalpolitik | Das „Küken“: Die Zweite Schöffin in Grosbous-Wahl studiert noch Anne Steichen: Junge Politikerin aus Grosbous-Wahl, engagiert in Lokal- und Europapolitik, mit Fokus auf Gemeindefusion, Nachhaltigkeit und authentischem, verantwortungsbewusstem Handeln.
20/05/2026
Mateneen. Fireneen. Ried zur Lag vun der Natioun.
Eise Premierminister Luc Frieden huet d‘Wichtegkeet vum Sujet Logement ënnerstrach. D‘Regierung ass sech hirer Verantwortung bewosst a léist déi Jonk net am Ree stoen.
19/05/2026
Mateneen. Fireneen. - Ried zur Lag vun der Natioun 2026
De Staatsminister a Parteipresident, Luc Frieden huet haut nach emol ënnerstrach, wéi wichteg et ass déi Jonk an hir mental Gesondheet ze schützen.
17/05/2026
CSJ wënscht alle Schüler bonne Chance bei hiren Ofschlossexamen.📚 Daume si gedréckt.✊🏻🍀
10/05/2026
🇱🇺 🤝 🇮🇪 Eise President, Metty Steinmetz, an eisen Internationale Sekretär, Mich Weber, ware fir d'CSJ um YEPP Council Meeting zu Dublin an Irland. Dëst Treffe stoung ënnert dem Thema „Getting Growth Going - Driving a European Economic Revival“.
Wärend dem Event hu mir ënnert anerem iwwert d'Kompetitivitéit, ekonomesch Erausfuerderungen, sou wéi och iwwert Sécherheet a geopolitesch Konflikter geschwat.
Mir haten d'Méiglechkeet eis mam iresche Vize-Premier a Finanzminister, Simon Harris TD, der Ausseministesch Helen Mc Entee an dem fréiere Premierminister Leo Varadkar T.D. auszetauschen.
🇪🇺 Thanks to Young Fine Gael and YEPP for organising this Council Meeting.
📷 Ákos Kaiser
🇪🇺 Schéinen Europa-Dag!
Haut feiere mir méi wéi eng Unioun vu Länner — mir feieren eng gemeinsam Visioun vu Fridden, Solidaritéit a Fortschrëtt. Wéi de Robert Schuman den 9. Mee 1950 erkläert huet: "Europa gëtt net op eemol gemaach, nach no engem eenzege Plang. Et gëtt duerch konkret Leeschtungen opgebaut, déi als éischt eng de facto Solidaritéit schafen."
An onsécheren Zäiten erënnert Europa eis drun, wat Zesummenaarbecht, Dialog an Hoffnung kënne erreechen.
All Dag schaffen d'Leit iwwer d'Grenzen eraus zesummen, fir eng méi staark, méi gerecht a méi nohalteg Zukunft opzebauen — Schrëtt fir Schrëtt.
Lëtzebuerg spigelt dëse Geescht rëm, wou déi europäesch Wäerter zum Liewen erwächen — geformt vun de Leit, de gemeinsame Wäerter, géigesäitegem Respekt an engem gemeinsame Glawen un eng besser Zukunft.
24/04/2026
📢 Good News!
D’Studentefoire kënnt endlech zeréck an d’Stad!
Mir haten eis schonn am November 2025 kloer dofir ausgeschwat an domat d’Positioun vun der ACEL ënnerstëtzt, elo gëtt dëst Realitéit. 💪
Mee dat ass nach net alles:
👉 D’Foire gëtt méi breet opgestallt.
👉 Méi Offer och fir déi, déi zum Beispill eng Berufsausbildung maachen wëllen.
Mir als CSJ fannen dëse Schrëtt gutt! 🚀
A win for democracy! Europe is now stronger, louder and more important than ever. 🇭🇺🤝🏻🇪🇺
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.