RTL - Afterwork
Radio Emissioun
08/06/2026
De Mierscher Buergermeeschter behaapt, dass hien e 'Péggi' ass, an seet dass dat munches erkläert. Am 'Café des artistes' am Gronn verréit hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, dass hien als Kand op enger Kou geridden ass. Hien war siwefache Landesmeeschter am Judo an ass een vun de Kadette vun der Sprëtz. Och Fussball huet hien gespillt, awer ouni Chancen op en Transfert. Seng Fra huet hien kennegeléiert duerch e Mëssgeschéck an ass frou an der Belsch d'Arméi als Fallschiermjeeër matgemaach ze hunn, wou en och e puer Kilo verluer huet. Seng Hënn heeschen alleguerten Sheila wéinst senger Liblingssängerin. Hien fillt sech wuel um Héichsëtz, fiert leidenschaftlech gär mam Trakter a freet sech firwat Miersch nach ëmmer net als Stad unerkannt gëtt. Piano: Marc Schmidt
01/06/2026
De Charel Margue war laang Joren de Chef-Meenungsfuerscher vun der ILRES, bis hien de Bord gewiesselt huet, a fir de Gréng an d'Chamber koum. Vu sengem Papp a sengem Grousspapp hat hien d'Politik an d'Wéi geluecht krut, just waren déi stack-konservativ. Am 'Café des artistes' zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel wéi e mat der Mamm bei d'Leit heem d'Elektresch opschreiwe gefuer ass, an Krankekommioun mat ausgefouert huet. Hien beschreift wéi hien zu Paräis op der Uni mam Laurent Mosar, Fränz Biltgen, Michel Wolter a Pierre Gramegna eens ginn ass, oder och net. Et geet ëm eng Ruge an der Chamber, dem JCJ seng Relatioun zu Sondagen an e Fussballmatch wou hien am Benin dem Arbitter seng Duechter als Fra ugebuede krut well hien 'Man of the Match' war. Piano: Marc Schmidt
18/05/2026
De Laurent Mosar ass Deputéierten a fréiere Chamberpresident. Am 'Café des artistes' am Gronn beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel gëtt een gewuer, dass hien duerch säin Papp bei d'Politik koum. De bekennenden Influencer zielt wéi hien zu där Leidenschaft koum. Hien verréit, dass Piano näischt fir hien war, awer dofir léiwer dem Fussball nogelaf ass. Den Ex-President vun der Aris beschreift wéi hien de Klitschko an der Sauna begéint huet an gëtt zou dass hien dem Schlager verfall ass. Et geet ëm e Paltong deen ze kleng war, Tuten déi hien dem Astrid Lulling an de Fliger geschleeft huet, an en Hond deen ze liddereg ass fir spadséieren ze goen a léiwer de Markus Lanz kuckt. Piano: Marc Schmidt
11/05/2026
De Jeff Oberweis, huet sech e Numm als Patissier-Confiseur gemaach. Am 'Café des artistes' zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, dass hien als Kand aus Plazgrënn net mat sengem Brudder an engem Haus gewunnt huet. Hien verzielt wéi säin Papp a seng Mamm de Betrib opgebaut hunn, an op villes hu missten verzichten. Hien verréit wéi him d'Knippercher um roude Pëtz aus der Camionnette gefall sinn, wéi seng Mamm de Maître Vogel mam Fausti verwiesselt hat, a wéi de fréieren Direkter vun der Arbed Petit-fouren un den Hond verfiddert huet.
Den unerkannten Glacemeeschter schwätzt vun der éischter Commande fir den Haff, iwwer de President Macron an de Bamkuch an e Kuch bei enger 100 Joerfeier, deen net do war.
Piano: Marc Schmidt
04/05/2026
Den Ali Kaes, de fréieren Député-Maire aus der Gemeng Tandel ass net just duerch de Fussball bekannt mee och duerch seng gewerkschaftlech Aktivitéiten.
Am 'Café des artistes' am Gronn zielt de 'Kéis' dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel dass hien mam Marc Spautz um Päerd ausgeridden ass, an och alt emol fir d'Kanner um Fuesbal de Clown gespillt huet.
De geléierten Dréier erënnert sech, wéi en am Schwäistall entschlof war, an enger Nonn gehollef huet e Källefchen op d'Welt ze bréngen. Mir héieren, wéi e sech géint de Minister aus senger eegener Partei fir en Eenheetswaasserpräis agesat huet a mat der Police de Spunnes gemaach hat, an hien gëtt zou senge Chamberskolleegen reegelméisseg Eeër an Zoossissen mat op de Krautmaart bruecht ze hunn. Piano: Marc Schmidt
27/04/2026
De Carlo Cravat, de Chef vum legendären Hotel an der Stad.
Am 'Café des artistes' am Gronn geet et beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel ëm seng aussergewéinlech Kandheet am Hotel, säin Horror virun der Schoul, seng Leidenschaft fir d'schéissen a seng Léier an Asien wou och emol Gehier vu jonken Afen um Menü stoung. Et gëtt een gewuer dass hien wierklech net kache kann, mat 25 schonn e Rolls-Royce virun der Dier hat a firwat, dass den Hotel, en face vun der Gëlle Fra, säin Styl behale soll an hien un där 'aler Këscht' hänkt.
Piano: Marc Schmidt
20/04/2026
De Marc Graas, de Fils vum Gust Graas ass Psychiater a Psychotherapeut an huet sech e Numm als Auteur vu Kriminalromaner gemaach. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel zielt hien iwwer seng Stagen an der Villa Louvigny, verréit dass hien als Student zu Innsbruck schonn Papp ginn ass. Een Thema sinn d'Äschen vum verstuerwenen Schwéierpapp an dass d'Airline déi net mathuele wollt. Et geet ëm déi klassesch Couche an der Praxis, droleg Fäll, L*D an dass een mat Bicher schreiwen keng Suen verdéngt. Piano: Marc Schmidt
13/04/2026
De Pol Urbany ass bekannt als Affekot a Museker. Am 'Café des artistes' am Gronn, héieren den Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, dass de Maître als Kand gären mat Feier experimentéiert huet a seng Schwëster en dankbaart Affer war. Hien verzielt, dass hien als Museker näischt ubrenne gelooss huet an och emol moies an der Fënster vun engem Miwwelgeschäft erwächt ass. De Fils vum fréieren kommunistesche Politiker René Urbany, deen souguer an engem Film mam Maître Gaston Vogel gespillt huet, beschreift seng aussergewéinlechst Fäll a verréit firwat hien net Profimuseker ginn ass. Piano: Marc Schmidt
23/03/2026
De Marc Hobscheit ass Immobilienhändler, Gastronom an Trendsetter aus dem Nuetsliewen.
De geléierten Maschinneschlässer verzielt am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel säin Wee vun der 'Spatzer Nenn' zu Stengefort, iwwer seng éischt Immobilienagence op der Gare, säin Kleedergeschäft zu Stroossen a säin kuerzt Experiment als Designer. Hien verréit méi iwwer d'Problemer mat senge Lokaler op der Gantebeensmillen an dem Waldhaff. Mir héieren, dass de Maître Vogel bei hien ëmmer Kachkéis iesse koum a ginn gewuer firwat de jonke Bopi nach ëmmer net ënner der Hauf ass. Piano: Marc Schmidt
16/03/2026
Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard huet keen trauregt Liewen. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel gëtt een gewuer wéi d'Eenzelkand bei 'Déi Jonk Gréng', a mat 26 Joer an d'Chamber koum. Mir héieren wéi si no de verluerene Walen mam Sam Tanson am Schwarzwald d'Wonne bei roudem Wäin geleckt huet. Et geet ëm en Tripp op Amsterdam mat hirer Mamm an eng Weltrees wou se zimmlech no bei engem sténkegen Elefant erwächt ass. Mat der Grande-Duchesse an der Kees vum Supermarché, vill Kiloen manner, an eng Hallefschwëster an Holland sinn weider spannend Geschichten aus hirem Liewen. Piano: Marc Schmidt
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.