IVLB
IVLB ass ären Uspriechpartner wann et ëm Bio-Fleesch zu Lëtzebuerg geet.
22/04/2026
Mir hate Geleeënheet fir dem Grand-Duc an der Grande-Duchesse den IVLB virzestellen.
Dëst war ee Rdv de vun der Landwirtschaftskammer organiséiert war. 💚🍀🐂
18/04/2026
Mir haten eng flott an erfollegräich Generalversammlung, bei där mir zesummen op d’lescht Joer zeréckgekuckt hunn an déi kommend Erausfuerderungen ugeschwat hunn.
Gläichzäiteg freeë mir eis, nei Memberen am Comité begréissen ze kënnen.
E grousse Merci un all Memberen, déi dobäi waren, fir hiren Engagement an hir Ënnerstëtzung!
Mir freeën eis op e weidert spannend Joer mam IVLB.
09/03/2026
11/02/2026
D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen huet sech haut mat der IVLB (Interessegemeinschaft Vermaartung Lëtzebuerger Biofleesch a.s.b.l.) ausgetosch – dem wichtegsten Uspriechpartner fir Bio-Fleesch zu Lëtzebuerg 🌱🥩.
Am Mëttelpunkt stoungen d’Presentatioun vum neie PAN-Bio, mee och Diskussiounen iwwert nei Filièren an Débouchéë fir de Bio-Secteur. En anert wichtegt Thema war de Programm „Supply for Future“, deen ëmmer méi lëtzebuergesch Bio-Produiten an d’Kantinne vun eise Lycéeë bréngt. E konstruktiven Austausch fir d’Zukunft vum Bio zu Lëtzebuerg.
01/02/2026
🐄 Denkt drun haut ass de Stéchdatum fir de Véibestand fir de Flächenantrag
21/09/2025
21/09/2025
20/09/2025
Mir freen eis op Iech!
20/09/2025
🥩🌱 E wichtege Moment: 15 Joer IVLB 🌱🥩
Dëst Joer feiere mir 15 Joer Interessegemeinschaft Vermaarktung Lëtzebuerger Biofleesch – IVLB genannt. 🎉
Am Kader vun dësem Jubiläum si mir och bei de Journées Portes Ouvertes Luxembourg (20.–21. September 2025) dobäi. Eng flott Geleeënheet, fir méi iwwer eis Aarbecht an d’Wichtegkeet vum Lëtzebuerger Biofleesch ze entdecken. 🇱🇺🐂
👉 Méi Informatiounen a weider Participanten: www.portes-ouvertes.lu
Mir freeën eis op äre Besuch! 🙌
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.